Op den Inhalt sprangen

Weltzäitauer Berlin

Vu Wikipedia
D'Weltzäitauer op dem Alexanderplatz.

D'Weltzäitauer (och Urania-Weltzeituhr genannt) um Alexanderplatz am Berliner Quartier Mitte ass eng am Ganzen 10 Meter héich monumental Auer, déi d'Zäit an enger 150 Stied uechter d'Welt weist.

Si gouf am Kader vum 20. Anniversaire vun der DDR, an am Kontext vum Reamenagement vum Alexanderplatz, den 30. September 1969, zesumme mam Berliner Fernseetuerm, ageweit.

D'Weltzäitauer weit 16 Tonnen a gouf vum Designer Erich John entworf. Se steet an der Mëtt vun engem stengene Mosaik um Buedem a Form vun enger Wandrous, op enger 2,7 Meter héijer Sail, déi 1,5 Meter Duerchmiesser huet. Ronderëm ass en Zylinder deen an 3 gedeelt ass, an op deem 24 Ecken a Säiten drop sinn. Dës 24 Säite sti fir déi 24 Haapt-Zäitzone vun der Äerd, an op all Säit stinn déi wichtegst Stied, déi an där Zäitzon leien. Bannent dem Zylinder dréint e Rank, op deem d'Stonnen opgeschriwwe sinn. E mécht een Tour den Dag, soudatt all Stonn d'Auerzäit vun enger an déi nächst Zäitzon weiderdréint. Well d'Stied fest installéiert sinn, ass et net méiglech, d'Summerzäit unzeweisen.

Iwwer der Auer ass eng vereinfacht Representatioun vun eisem Sonnesystem installéiert, bei deem bannent enger Minutt Bullen déi Planéiten duerstellen, a jee engem stole Rank - hirer Ëmlafbunn - ronderëmdréinen.

D'Technik vun der Auer ass an engem 5×5 Meter grousse Raum ënner dem Buedem.

Enn 1997 gouf d'Weltzäitauer sanéiert, dobäi koumen och eng 20 Nimm vu Stied bäi (z. B. Jerusalem an Tel Aviv), e puer goufe geännert (z. B. Leningrad a Sankt Péitersbuerg) oder an eng aner Zäitzon gesat (z. B. Kiew).[1],[2]

Et ass eng beléift Plaz, fir sech Rendez-vous ze ginn, a se steet zanter 2015 ënner Monumenteschutz.[3]

Commons: Urania-Weltzeituhr – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Frisch poliert: Die Weltzeituhr dreht sich bald. In: Berliner Zeitung, 12. Dezember 1997.
  2. Weltzeituhr tickt jetzt wieder richtig. In: taz, 20. Dezember 1997
  3. Uwe Aulich: Denkmalschutz für DDR-Häuser am Alex. In: Berliner Zeitung, 14. Juli 2015, S. 15.