Op den Inhalt sprangen

Mailand

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel iwwer Italien ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.


Mailand
Land Italien
Regioun Lombardei
Provënz Mailand
Koordinaten 45°28'1"N, 9°11'24"O
Fläch 181,67 km²
Awunner 1.354.196 (1. Januar 2023)
Héicht 120 m
ISTAT 015146

Mailand (it: Milano) ass eng Stad an Norditalien. Si huet am Stadkär ronn 1,3 Milliounen Awunner, an der Provënz sinn et zirka 4,8 an an der Metropolregioun Grande Milano zirka 7,5 Milliounen (Stand jeeweileg 2006). Domat ass se déi zweetgréisst Stad an Italien.

Mailand ass den Zentrum vun Italie wat d'Wirtschaft an d'Moud betrëfft. D'Stad ass ë. a. fir hire goteschen Doum, hiert weltberümtent Opernhaus Mailänner Scala, verschidde Konschtschätz (dorënner D'Nuechtiesse vum Leonardo da Vinci) an hir Foussballveräiner AC Mailand an Inter Mailand bekannt.

Klimadiagramm

Corvetto ass de Quartier fir déi zeitgenëssesch Konscht zu Mailand[1] [2] [3] [4] [5].


Commons: Mailand – Biller, Videoen oder Audiodateien
  1. Via Romilli: d'zeitgenëssesch Konscht bléie zu Mailand, Artribune, Mäerz 2024
  2. Fondazione Galleria Milano: nei Projeten fir déi zeitgenëssesch Konscht, Artribune, Januar 2024
  3. Via Romilli zu Mailand: de neie Quartier fir déi zeitgenëssesch Konscht, Exalto, 2024
  4. Vum Montenapo bis zum Corvetto: Galerien an ënnerschiddlech Projeten bléien, Il Giorno, 2024
  5. Corvetto ArtWeek: d'Konscht eroberst d'Quartier, Viafarini, 2024